Institut de Beauté Corinne Delfel

Beauté
192, rue du Parc
3542 DUDELANGE
institutcorinne@pt.lu
+352 26 37 88 64

Ech hu mäin Betrib 2017 an der Parkstrooss gegrënnt a sinn domat menger Heemescht, dem Wolkeschdall, trei bliwwen. Säit 2 Joer schaffen ech elo mam Luana zesummen a mir si steets beméit um neiste Stand vun der Kosmetik ze sinn. Mär bidden Iech speziell Behandlungen un, déi genau op ären Hauttyp ugepasst sinn.

Fir d'Fans vun der Biokosmetik schaffe mir mat natierlech Produite vun "Salin de Biosel" an am traditionelle Beräich mat der bekannter Mark "La Biosthétique". Mir bidden och medezineschen Needling un fir Narben, Faalen a nach villes méi optimal kënnen ze behandelen.

An engem gemittleche Kader kënnt der iech och mat enger gudder Massage verwinne loossen oder mat äre Frëndinnen e flotten Owend verbréngen an engem Make-Up Workshop.

Profitéiere kënnt där och vun eiser Erfarung an de Beräicher Epilatioun, Maquillage, Pédicure médicale, Manucure, Vernis permanent, Wimpernverlängerung, Teinture vun de Wimperen an den Aperhoer.

Merci fir är Ënnerstëtzung an dëser schwéierer Zäit. Mir freeën eis iech hoffentlech gläich erëmzegesinn.

Léiw Gréiss

Luana & Corinne