Diddelenger Kraiderfra

Divers
Rue Gaston Barbanson 23
3415 Dudelange
monique.meyer@cid.lu

Hannert jidder Liewe steet eng Geschicht. Anescht als gewéinlech.. Ech si méi ewéi oft an mengem Liewe gestolpert an gefall, mee ëmmer nees obgestaan.

Ech hunn mech fréi a mengem Liewe mat der Natur verbonne gefillt, an no mengem Aarbechtsjoren hunn ech mat 57 Joer dunn 2 Joer Phytotherapie (Heelkraiderkond) am Saarland studéiert. Ech hunn also eng Zertifikatioun an der Phytotherapie.

Meng Passioun ass et gesond Saachen aus Heelkraider, déi ech iwwregens och hei zu Diddeleng plécken, mais nëd nëmmen.. An dann stellen ech mat dëse Kraider, Sirop'en, Tinkturen, Sallwen etc , hier.

Ech maachen och verschidde Workshoppen an och Kraiderwanderungen.
Dofir hoffen ech dassen mir all gesond bleiwen, an eis vieleicht dann an iergend esou engem Workshop erëm gesinn, oder nei kenneléiere , oder dëst och an Zukunft bei enger Kraiderwanderung.
Oder vieleicht och ob engem Hobbymaart hei an eisem schéinen Diddeleng oder soss am Land.

Dir kënnt är Bongen och aléisen am mengem E-Shop : https://www.diddelenger-kraiderfra.net/shop/

Bleiwt all Doheem an gesond.. Zesummen packen mir daat.

Merci iech all am Viraus vir är Hëllef Diddelenger Geschäftswelt ze ennërstetzen.