Ateliers Kräizbierg s.c. (sis)

Vêtements et accessoires
route de Zoufftgen, 180
3598 Dudelange
ateliers@kraizbierg.lu
5243521

An den Ateliers Kräizbierg schaffen méi wéi 100 Persounen mat engem physeschen Handicap an 9 verschiddenen Atelieren.
Fir Privat Clienten awer och fir Firmen bidde mir folgend Servicer un:
Atelier Broderie: Hei kennt Dir Kleeder, Poschen, Aarbechtskleedung, Schiertecher a villes méi bestellen an brodéieren loossen, sou dass Dir Äre ganz perséinlechen Ideeën fräie Laf kennt loossen
Atelier Serigraphie: Och hei kennt Dir all Zorten vun Kleeder an Textilien bestellen an op verschidden Aarten bedrécke loossen. Vun klenge Serien bis zu grousse Massen Drock kenne mir Iech hei z.B. personaliséiert T-Shirten mä och Stoffen Poschen fir Äre Buttek bedrécken. Donieft kennt Dir hei och Är Gadgeten, z.B. Briqueten, BIC ‘er oder Memory-Sticks bestellen a bedrécke loossen. Mä och personaliséiert Tasen a Glieser fir ären Event. Loosst Iech vun eisen Experten beroden!
Atelier Imprimerie: Vun Visite-Kaarten iwwer personaliséiert Kaarten oder Enveloppen bis hin zu Bréifpabeier oder Rapports d’Activités vun ärer Firma oder Club. Hei kann dat alles gedréckt ginn mat professionelle Maschinnen. Kommt laanscht, a maacht Iech e Bild vun dem wat mir ubidde kënnen.
Atelier Prestation de Services: Hei kennt Dir alles apaken loossen, wat een net mat Maschinnen verpaakt kritt, vun Acouvertéieren vun Bréiwer, iwwert Verschécken a Frankéieren vun Invitatiounen, bis hin zum Verpaken vun Werbegadgeten fir Agences de Pub. Frot am Atelier no, wat mir fir Iech maache kënnen.
Atelier Multimedia: An dësem Atelier kritt Dir all Är analog Fotoen, Placken, Filmer, VHS-Filmer, Super-8,… ëmgewandelt op en digitaalt Format. Är Foto-Alben mä och Dia’en ginn bei eis agescannt, an Dir kritt se op engem USB-Stick oder op DVD zréck. Mä an dem Atelier kennt Dir och Är Internet-Säit erstellen loossen. Rufft einfach un a maacht een Termin mat dem Responsabelen vum Atelier aus fir Iech beroden ze loossen.
Atelier Jardinage: Bei eis kritt Dir Planzen a Blummen fir Äre Gaart. Kommt an eiser Serre laanscht a sicht Iech Är Planzen eraus. Et ass bestëmmt dat dobäi, wat Dir braucht.
Atelier Poterie: Hei kennt Dir Är personaliséiert Objeten maache loossen, vu Vasen iwwer Telleren bis hin zu Tasen an Deko-Objet’en. Mä och grouss Serien kennt Dir hei maachen loossen, sou z.B. personaliséiert Tasen fir äre Café. Frot an der Poterie no, wat alles méiglech ass a loosst Iech vun engem Expert beroden.
Atelier Kreativ Bréck: An dësem Atelier kënnen d’Mataarbechter hirer Kreativitéit fräie Laf loossen. Vu Remerciements- oder Gebuertsdagskaarten iwwer selwer gemaachten Poschen oder Dekos-Objeten. Ëmmer wann Dir heihinner kommt, gesidd Dir rëm nei Kreatiounen, wéi Dir se nach nie enzwousch Anescht gesinn hudd.